Société mathématique du Luxembourg

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Société mathématique du Luxembourg, ofgekierzt SML, ass déi lëtzebuergesch Gesellschaft fir Mathematiker.

Hiert Zil ass d'Promotioun vun der renger an der ugewannter Mathematik an zu hiren Aktivitéite gehéieren:

  • D'Organisatioun vu Konferenzen, Workshoppen, Seminairen, Ronndëschgespréicher etc.
  • D'Editioun vu Bicher, mathematesche Journallen, Newsletter etc.
  • D'Representatioun vun der Mathematik an de mathematesche Beruffer zu Lëtzebuerg, an a baussent dem Grand-Duché.

D'SML ass Member vun der European Mathematical Society.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://web.archive.org/web/20221124150917/https://math.uni.lu/sml/organisaton/about_us.html (Opgeruff de 24.11.2022)