Ligeia Mare

Vu Wikipedia

De Ligeia Mare - den Numm ass laténgesch - ass d'Bezeechnung fir e Methanséi um Saturnmound Titan. En ass ronn 500 km grouss a läit op de Koordinaten 79.0° N / 248.0 W. D'Déift vum zum gréissten Deel mat Methan gefëllte Séi ass 170 m. Well de Séi (och duerch déi glat Uewerfläch) fir Radarstralen duerchsichteg ass, konnt d'Cassinisond bis op de Fong kucken a sou d'Déift moossen[1]. De Séi ass no der Ligeia, enger griichescher Soegestalt genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. JPL: NASA's Cassini Spacecraft Reveals Clues About Saturn Moon, Datum: 12. Dezember 2013, Ofgeruff: 27. Dezember 2013]