Ontario Lacus

Vu Wikipedia
Radar-Oftaaschtung vum Ontario Lacus duerch d'Cassinisond vum 12. Januar 2010.
Infraroutfoto vum Titansüdpol. Den Ontario Lacus ass lénks vun der Mëtt als donkelt Gebitt ze gesinn.

Den Ontario Lacus ass e Methan/Ethan-Séi an der Géigend vum Südpol vum Saturnmound Titan. Als flëssege Kuelewaasserstoff-Séi gouf den Ontario Lacus mat Infrarout-Observatioune vun der Raumsond Cassini den 31. Juli 2008 konfiméiert. Den Ontario Lacus ass mat enger Fläch vun zirka 15.000 km² ongeféier sou grouss wéi d'Steiermark, an ass domat eppes méi kleng wéi den Ontarioséi an Nordamerika, vun deem den Numm hierkënnt.

Den 12. Januar 2010 hat d'Cassinisond eng héich opléisend Radar-Oftaaschtung vum Ontario Lacus, déi vill bemierkenswäert Charakteristike weist, gemaach. Dat nërdlecht Ufer ass vun zirka 1 km héijen Hiwwele souwéi iwwerschwemmte Flossdäller markéiert. Eng riicht, wellegeformt Küstelinn, déi där vum südwestleche Michiganséi gläicht, kann am nordëstleche Beräich observéiert ginn. Parallel zum Ufer lafe Linnen déi kéinten iwwer laang Zäitraim duerch niddreg Wellen geformt si ginn, déi méiglecherweis duerch West- oder Südwestwand entstinn. Déi südëstlech Küst huet eng ronn Bucht déi wäit an de Séi erageet.

De mëttleren Deel vun der westlecher Küst weist dat éischt observéiert a gutt profiléiert Flossdelta um Titan. Sou wéi beim Rhône-Delta an der franséischer Camargue, handelt et sech no senger Morphologie ze schätzen ëm e wellendominéierten Delta, bei deem vun héichleiende Gebidder kommend flëssig Kuelewaasserstoffer op hirem Wee zum Séi hire Flosslaf wiesselen a sou op d'mannst zwou Hallefinsele gemaach hunn. Weider Beispiller vu Flosslafwiesselen respektiv wellendominéierten Deltae kënnen op der Äerd um südlechen Enn vum Albertséi an Afrika tëscht Uganda an der Demokratescher Republik Kongo souwéi als Iwwerreschter vum fréiere Bannemier Mega-Tschad am Tschad fonnt ginn.[1]

Am Verglach mat ierdesche Séien vun änlecher Gréisst schéngt den Ontario Lacus opfälleg niddreg a glat ze sinn. Radaroftaschtungen am Juli 2009 a Januar 2010 haten eng duerchschnëttlech Déift vun nëmmen 0,4 bis 3,2 m bei enger Maximaldéift vun 2,9 bis 7,4 m erginn. Dat géif zu engem geschate Volumen vun nëmme 7 bis 50 km³ féieren, manner wéi en Drëssegstel vum ierdeschen Ontarioséi. All zu de Miesszäitpunkten existent Wellen um Ontario Lacus waren héchstens 1 mm héich, wat entweeder op dat komplett Feelen vu Wand, an/oder eng viskos, d. h. déckflësseg Zesummesetzung vun de flëssege Kuelewaasserstoffer am Séi deit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://photojournal.jpl.nasa.gov/catalog/PIA13172