Limmat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Limmat
D'Limmat bei Hardturm
Längt 140 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
? m
Duerchschnëttsdebit 85,9 m³/s
Fläch vum Baseng ? km²
Leeft an: Aare
Floss - Hydrologie

D'Limmat (fréier Lindemagus) ass en 140 km laangen Niewefloss vun der Aare an der Schwäiz.

Den Numm entstoung aus den Flossnimm Linth a Maag, déi virun der Linthkorrektur tëscht Glarus a Weesen no bei Niederurnen zesummegefloss sinn. Si entspréngt als Linth am Kanton Glarus, net wäit ewech vun dem klengen Duerf Tierfehd, a leeft no Norden duerch Glarus fir bei Filzbach an de Walenséi ze lafen. Si verléisst dësen duerch de Linthkanal a leeft op der Héicht vu Schmerikon an den Obersee dee säin Numm hanner Rapperswil ännert an den Zürichséi, dee si zu Zürich als Limmat verléisst. Bei Brugg am Kanton Aargau am Waasserschlass fléisst d'Limmat an d'Aare.

Bis zum Platzspitz an dem éischte Wier, mat deem den Debit aus dem Zürichséi reguléiert gëtt, kënnen op der Limmat kleng Persouneschëffer fueren. Fréier war si nach op der ganzer Streck vun Zürich erof mat Schëffer ze befueren. Virun allem Händler hunn hir Faarten an der Biäsche, klenge Booter, op der Linth ugefaangen an hir Wueren am Mëndungsgebitt vum Rhäin verkaaft. Zanter dem Bau vun de Kraaftwierker ass dat awer net méi méiglech. Zu Zürich-Letten, Zürich-Höngg, Dietikon, Wettingen, Baden an Turgi gëtt de Floss zur Reguléierung an Energiegewannung gestaut.

D'Uertschaften um Bord vun der Limmat sinn am Kanton Zürich:
Zürich, Oberengstringen, Unterengstringen, Schlieren, Dietikon, Geroldswil, Oetwil an der Limmat.

Am Kanton Aargau leie folgend Uertschaften um Bord vun der Limmat:
Spreitenbach, Würenlos, Neuenhof, Wettingen, Baden, Ennetbaden, Nussbaumen, Untersiggenthal, Turgi.

Verschidden Zürcher Deefer - ënner hinnen de Felix Manz – goufen am 16. Joerhonnert an der Limmat erseeft.

Kuerz no dem Austrëtt aus dem Zürichséi fléisst d'Limmat un der gotescher Waasserkierch laanscht. Dës Plaz gouf schonn zu keltescher Zäit als hellegen Uert ugesinn.

Nieweflëss sinn d'Sihl an d'Reppisch.

D'Landvogteischlass mat enger hëlze Bréck iwwer d'Limmat zu Baden

Besonnesches[änneren | Quelltext änneren]

Enn August gëtt zu Zürich d' Limmatschwimmen ofgehalen.

  • Limmat war och den Numm vun der éischter Damplokomotiv an der Schwäiz, déi zanter 1847 fir d'Schwäizer Nordbunn/Spanisch-Brötli-Bunn tëscht Zürich a Baden gefuer ass.
  • Limmat ass och den Numm vun engem grousse Motorschëff vun der Zürichséiflott.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Limmat – Biller, Videoen oder Audiodateien