Liturgescht Gewand

Vu Wikipedia
Eng Dalmatik

Liturgesch Gewänner si Kleedungsstécker, déi wärend dem Gottesdéngscht, an nëmmen dowéinst vun deenen, déi der Feier virstinn oder dësen hëllefen, ugedoe ginn. An der kathoulescher Kierch gi virun allem follgend liturgesch Gewänner gebraucht:

  • D'Alef (lat. albus - "wäiss") ass d'Grondgewand. Si ass wäiss, huet Äerm (net all ze weit) a geet bis op de Buedem. Jiddwereen, dee bei enger ëffentlecher Liturgie am Altorraum matwierkt kann eng Alef undoen.
  • Eng Stola huet d'Form vun engem laange Schaal dee béidsäiteg vun de Schëlleren erofhänkt. De Priister deet se fir all liturgesch Handlungen un. Engem Diakon seng Stola hänkt vun der lénkser Schëller queesch iwwer d'Broscht an de Reck zur Taille hin.
  • Eng Kasel, oder Massgewand, ass e weiden Iwwerhang ouni Äerm an engem Lach fir de Kapp dee vun engem Geeschtlechen nëmme fir d'Mass iwwer oder ënner der Stola gedroe gëtt.
  • Eng Dalmatik gläicht engem Massgewand, huet awer weit Äerm a gëtt vum Diakon ugedoen.
  • E Chouermantel ass e groussen Ëmhang, dee vir mat enger Schnall zougemaach gëtt.

Optional si Schëllerduch (e wäisst Duch fir iwwer d'Schëlleren a ronderëm den Hals) an Zingulum, eng Kordel fir ronderëm d'Taille iwwer der Alef.

Faarwe vun de liturgesche Gewänner[änneren | Quelltext änneren]

Stola, Kasel, Dalmatik a Chouermantel hunn eng bestëmmt Faarf jee no Geleeënheet. Follgend Faarwe sinn am Gebrauch:

  • gréng: normal Deeg a Sonndeger am Joreskrees
  • wäiss (oder gëllen): Fester, Gedenkdeeg vun Hellegen (déi keng Märtyrer sinn)
  • rout: Päischten, Karfréiden, Gedenkdeeg vu Märtyrer
  • mof: Faaschtenzäit an Advent, Allerséilen

donieft kënnen nach optional gebraucht ginn

  • schwaarz: fir Läichendéngschter
  • rosa: um 4. Faaschtesonnden (Laetare) an um 3. Adventssonnden (Gaudete)
  • hellblo (offiziell net virgesinn awer alt unzetreffen): Muttergottesfester