Logone

Vu Wikipedia
Kaart mam Logone

De Logone ass en ongeféier 1.000 km laange Floss an Zentralafrika.

En entsteet duerch den Zesummefloss vum Pendé (den ëstleche Logone) an der zentralafrikanescher Republik, an dem Mbéré (westleche Logone) am Oste vum Kamerun. Duerno duerchleeft en Deeler vum Tschad an ass d'politesch Grenz tëscht dem Kamerun an dem Tschad. Am Süde vun N'Djamena leeft en da mam Schari zesummen, deen an den Tschadséi fléisst.

Commons: Logone – Biller, Videoen oder Audiodateien