Tschadséi

Vu Wikipedia
Satellittenopnamen, déi d'Evolutioun vum Tschadséi tëscht 1973 an 2001 weisen

Den Tschadséi (op Franséisch: lac Tchad, op Englesch: Lake Chad) ass e Séi am Tschadbaseng tëscht der Grenz vun de Länner Tschad, Kamerun, Nigeria an Niger. Et ass en endoreëscht Gewässer, dat heescht säi Waasser fléisst net an d'Mier.

Nom Äiszäitalter waren déi klimatesch Konditiounen an der Sahara vill méi favorabel wéi haut, an déi haiteg Wüst war mat Vegetatioun bedeckt. Wärend dréchenen a manner dréchene Phase konnt den Tschadséi méi kleng ginn oder sech ausdeenen, mä zanter 4000 virun onser Zäitrechnung ass de Waasserréckgank méi rapid. De Séi gëtt scho laang vu Mënsche bewunnt a war e bedeitende Carrefour am Transsaharahandel. Schonn zanter dem Mëttelalter ass en och baussent Afrika bekannt.

Den Tschadséi huet an de leschte Joerzéngte vill Waasser verluer an huet haut nach eng Fläch vu manner wéi 2000 km², am Verglach mat 25.000 km² virun 1973. Schold doru si Klimavariatiounen a Waasserprelevementer duerch d'Mënschen. Den nërdleche Baseng war 1976 komplett ausgedréchent, an obwuel zanter 1998 erëm Waasser dran ass, ass d'Majoritéit vum Waasser haut am südleche Becken.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]