Longitudinalwell

Vu Wikipedia
Eng Longitudinalwell, déi vu lénks no riets eng Fläch duerchleeft.
Bei enger Longitudinalwell (a) stëmmt d'Schwéngungsrichtung mat der Ausbreedungsrichtung iwwereneen. Bei enger Transversalwell (b) steet dogéint d'Schwéngungsrichtung senkrecht zu der Ausbreedungsrichtung.

Eng Longitudinalwell, oder Längswell, ass eng physikalesch Well, déi an Ausbreedungsrichtung schwéngt. D'Standardbeispill fir Longitudinalwellen ass de Schall a Gasen oder Flëssegkeeten. Hiert Géigestéck ass d'Transversalwell, där hir Amplitud vertikal zur Ausbreedungsrichtung steet.

Ausbreedungsprinzip[änneren | Quelltext änneren]

Longitudinalwelle sinn Drockwellen, dat heescht, datt se sech an engem Medium Zone mat Iwwerdrock resp. Drockspannung (resp. Ënnerdrock oder Zuchspannung) an der Ausbreedungsrichtung fortplanze resp. verréckelen oder ausbreede kënnen.

Déi eenzel Deelercher am Ausbreedungsmedium, Atom oder Moleküll, schwéngen heibäi a Richtung vun der Ausbreedung ëm de Betrag vun der Amplitud hin an hier. Nom Duerchlaf vun de Schwéngunge beweege sech d'Deelercher nees an hir Ufanksstellung, der Gläichgewiichtslag, zeréck. Duerch d'Ausbreedung vun der Schwéngung geet keng Energie verluer, ofgesinn vu Reiwungsverloschter tëscht den Deelercher.

  • An engem gestreckte Kierper (Fieder, Band, Staf, Drot) ass de Betrag vun der Amplitud un alle Plaze vum Medium gläich.
  • Bei Ausbreedung vun enger konzentréierter Quell am Raum hëlt d'Leeschtungsdicht mam Quadrat vum Ofstand vun der Quell of, well déi vum Raumwénkel ageschlosse Fläch mam Ofstand quadratesch wiisst.

D'Leeschtung vun enger Longitudinalwell ass proportional zum Quadrat vun der Amplitud vun der Auslenkung oder der Drockspannung; kuckt och Schalldrock a Schallschnell.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Mechanesch Longitudinalwelle kënnen sech a jiddwer Medium, ob fest, flësseg oder gasfërmeg ausbreeden.

En typescht Beispill vun enger Longitudinalwell ass Schall, deen a Gasen an a Flëssegkeete reng als Longitudinalwell optriede kann.

Verglach an Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Longitudinalwellen hunn am selwechte feste Medium méi eng héich Vitess wéi Transversalwelle vum selwechten Typ bei de selwechte Parameteren.

Longitudinal seismesch Wellen heesche P-Wellen. Si kommmen ëmmer fir d'éischt un an hu bei Äerdbiewen méi e klengt Zerstéierungspotential wéi Transversalwellen. Dogéint kënnen d'(longitudinal) Waasserwellen "Tsunamie" verursaachen.

A Plasmen an an aneren elektresche Leederen gëtt et elektromagnéitesch Longitudinalwellen nieft den elektromagnéiteschen Transversalwellen.