Lucas Housse

Vu Wikipedia
Lucas Housse
Gebuer 11. Dezember 1820
Gestuerwen 13. Dezember 1870
Aktivitéit Ingenieur


De Lucas Housse gebuer den 11. Dezember 1820 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 13. Dezember 1870 war e lëtzebuergeschen Zivilingenieur am Déngscht vun der Bauverwaltung.

Hie war zéng Joer laang Baukondukter zu Gréiwemaacher an huet sech do ëm Pläng vun der Reguléierung vun der Sauer an der Musel bekëmmert.

Gréiwemaacher huet hien zum Éiereningenieur ernannt, a fir seng verdéngschtvoll Aarbechten, krut hie vu Preisen de Kinnekleche Krounenuerden.