Luis I. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Luis I. vu Spuenien
Gebuer 25. August 1707
Madrid
Gestuerwen 31. August 1724
Madrid
Doudesursaach Pouken
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Felipe V. vu Spuenien

De Luis I. vu Spuenien, gebuer de 25. August 1707 zu Madrid a och do den 31. August 1724 gestuerwen, war 1724 fir 7 Méint Kinnek vu Spuenien.

Hie war den eelste Jong vum Kinnek Felipe V. vu Spuenien a senger éischter Fra, der Maria Luisa Gabriella vun der Savoie, der Duechter vum Herzog Vittorio Amadeo II. vun der Savoie, dem dem spéidere Kinnek vu Sardinien.

Den 20. Januar 1722 gouf en, knapps 14 Joer al, mat der Prinzessin Louise Elisabeth vun Orléans bestuet, déi der just 12 hat, an d'Duechter vum Régent vu Frankräich, dem Philipp II., Duc d'Orléans, war.

De 15. Januar 1724 huet säi Papp, deen ënner Depressioune gelidden huet, ofgedankt, an de Luis gouf, als Luis I., Kinnek vu Spuenien.

Hien ass no just 7 Méint um Troun un de Pouke gestuerwen. Säi Papp huet doropshin d'Kroun nees iwwerholl. Seng Wittfra gouf ee Joer drop diskreet a Frankräich hanneschtgeschéckt, grad esou wéi dem Luis seng Hallefschwëster, déi hätt solle mam Louis XV. bestuet ginn, nees vu Frankräich a Spuenien zeréckgeschéckt gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis I of Spain – Biller, Videoen oder Audiodateien