Felipe V. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Kinnek Felipe V. (c. 1739).

De Felipe V. vu Spuenien, och Philippe V. vun Anjou, gebuer den 19. Dezember 1683 zu Versailles a gestuerwen den 9. Juli 1746 zu Madrid, war vu 1683–1710 Herzog von Anjou], vu 1700 bis 1746 Kinnek vu Spuenien a bis 1713 och Kinnek vu Sardinien a Kinnek vu Sizilien an Neapel. 1724 huet hie fir säi Jong Luis I. kuerzfristeg säin Amt néiergeluecht. Hie war deen éischte spueneschen Herrscher aus dem Haus Bourbon.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Philippe/Felipe war den zweete Jong vum Dauphin Louis vu Frankräich a senger Fra Maria Anna vu Bayern

1700 ass de Carlos II. ouni Kanner gestuerwen. De Louis XIV. vu Frankräich huet doropshin säin Enkel Philippe als Ierwe vun de spueneschen Habsburger an domat zum Kinnek vu Spuenien proklaméiert. Déi éisträichesch Habsbureger an och soss europäesch Länner wéi Holland oder Groussbritannien hunn dat awer net esou gesinn, wouduerch et zum Spueneschen Ierffollegkrich (vu 1701 bis 1713/14) koum. Déi aner Länner wollte verhënneren, datt Frankräich ze staark géif. Groussbritannien krut duerchgesat, datt Spuenien tëscht den Bourbonen an den Habsburger gedeelt sollt ginn.

Sou gouf et zäitweileg 2 Kinneken a Spuenien: De Felipe V. op där enger Säit, an, ënnert dem Numm Carlos III., den habsburgeschen Prätendent, den Äerzherzog Karl (dee spéider als Karl VI. réimesch-däitsche Keeser sollt ginn), deen iwwer Aragon a Katalounien, souwéi iwwer de spuensche Besëtz an Italien regéiert huet. Wéi de Karl nom Doud vu sengem Brudder Joseph I. 1711 däitsche Keeser an domat Herrscher iwwer all habsburgesch Staate sollt ginn, ass déi anti-bourbonesch Koalitioun auserneegefall, well de Briten an Hollänner elo d'Habsburger op eemol ze dominant géifen. Si hunn ewell de Philippe/Felipe als spunesche Kinnek akzeptéiert.

Beim Fridde vun Utrecht 1713/14 koum et zu engem weider Kompromëss: De Felipe duerft ganz Spuenien an deem säi risege Kolonialbesëtz halen, huet awer misse säi Besëtz an Italien (Neapel, Sizilien, Sardinien, Mailand) an an den Nidderlanden oftrieden. Sou goufen aus de Spueneschen déi Éisträichesch Nidderlanden (zu deenen och d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet). Gibraltar goung u Groussbritannien.

An de Joren dono huet Spuenien ënner dem Felipe probéiert, an Italien nees Fouss ze faassen, wouraus awer ufanks näischt ginn ass.

Well hien ënner staarken Depressioune gelidden huet, huet e zu Gonschte vu sengem eelste Jong Luis I. vu Spuenien ofgedankt. Deen ass awer nach am selwechte Joer gestuerwen, a well seng aner Jongen nach ze jonk waren, huet de Felipe nees d'Kroun iwwerholl (net zulescht op Drock vu senger Fra Elisabeth hin).

1725 konnt hie sech mat den éisträicheschen Habsburger arrangéieren, Parma, wann do keen direkte männlechen Nofolger wier, un d'Spuenier fale géif. Dat geschouch 1731 an dem Felipe säi Jong Carlos gouf mat 15 Joer Herzog vu Parma.

1735 huet, als Belounung fir d'Beddelegeung am Polneschen Ierffollegkrich, dem Felipe säi Jong Carlos och d'Kroun Neapel-Sizilien kritt.

1727 koum et zum Englesch-Spuenesche Krich, wou et ë. a. ëm Gibraltar goung, an 1739 sinn déi zwéin iwwer Karibikinselen uneneegerden, woubäi Portobelo britesch gouf.

Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

De Felipe V. (2. vu lénks) mat senger Famill

Den 2. November 1701 huet hien d'Maria Luisa Gabriella vun der Savoie bestuet, d'Duechter vum Herzog vun der Savoie a spéiderhi Kinnek vu Sardinien-Piemont. Si hate 4 Jongen:

  • Luis I. (1707–1724) Kinnek vu Spuenien
  • Felipe Luis (* /† 1709)
  • Felipe Pedro (1712–1719)
  • Fernando VI. (1713–1759) Kinnek vu Spuenien

De 24. Dezember 1714 huet hie sech fir d'zweet bestuet, mat der Elisabetta Farnese (spuenesch: Isabel de Farnesio), mat där e 7 Kanner hat:

Literatur a Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kamen, Henry: Philip V of Spain – The King Who Reigned Twice. Yale University Press, New Haven, Conn. 2001. ISBN 0-300-08718-7
  • Agustin Gonzalez Enciso: Philip V – Economic and Social Reform in Spain. Lambert Academic Publishers (LAP) , Saarbrücken, 2012. ISBN 978-3-8484-9470-5
  • Biografie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philip V of Spain – Biller, Videoen oder Audiodateien