Lumen (Film)
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Däitschland |
Première | 2006 |
Dauer | 29 min |
Format | 35 mm, 1:2,35 |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Philip Koch |
Dréibuch | Philip Koch |
Fotografie | Stefan Linn |
Musek | Philip Koch |
Schnëtt | Philip Koch |
Produzent | Bernard Michaux |
Schauspiller | |
Victoria Deutschmann: Franka Julia Thurnau: Marie Luc Feit: Ludwig André Jung: Paschtouer Martin Carnevali: Martin | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Lumen ass e lëtzebuergesch-däitsche Kuerzfilm aus dem Joer 2006.
En hat de 17. Januar 2007 um Filmfestival Max Ophüls Preis seng Weltpremière,[1] an den 3. Mee 2007 seng Lëtzebuerger Première am Kino Utopia.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Lumen erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, déi eng schwéierer Liichtallergie huet, a gezwongen ass, an engem däischteren Haus ze liewen.
D'Franka lieft mat hirem Papp an hirer grousser Schwëster an dem gemeinsamen Familljenhaus - e Liewe voller Léift, Respekt, a Gebuergenheet, dat et hir méiglech mécht, sech mat hirer schwéierer Krankheet ofzefannen.
Mä mam Doud vum Papp schéngt sech alles z'änneren. D'Haus ass fir déi zwou Diechter ze grouss an ze deier. Dofir entscheet déi grouss Schwëster, d'Haus ze verkafen a mat hirem Frënd, der Franka hirem Dokter, zesummen ze wunnen. Fir d'Franka géif eng Welt zesummebriechen, well domat géif si alles verléiere wat hir an hirem Liewen Halt gouf. D'Franka ass fest decidéiert, alles ze maachen, fir hir Schwëster vum Plang, d'Haus ze verkafen, ewechzebrengen - och wa se dofir Sacrificer aktzeptéiere muss...
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]Lumen gouf vun der Lucil Film s.à r.l. produzéiert, a Koproduktioun mam Bayeresche Rundfunk, mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong an dem däitsche Bundesbeauftragten fir Kultur a Medien.
De Film ass am Cinemascope gedréit.
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]De Kameramann Stefan Linn kritt de 2007 fir Lumen den Däitsche Kamerapräis an der Kategorie "Kuerzfilm".[2]