Luna 1958A

Vu Wikipedia
Luna 1
Typ Moundsond
Land UdSSR
Agentur
Start 23. September 1958
Startmass 361 kg
Startplaz Weltraumgare Baikonur
Drorakéit Wostok-Typ 8K72
Missiounsenn 23. September 1958

D'Luna 1958A, och bekannt ënner der Bezeechnung Luna E-1 No.1, war eng sowjetesch Moundsond a sollt als éischt Raumgefier iwwerhaapt d'Schwéierfeld vun der Äerd iwwerwannen an haart um Äerdmound opschloen. Duerch resonant Schwéngungen an der Längsachs vun de Boostere war d'Rakéit 92 Sekonnen nom Start zerbrach, an d'Sond hat de Weltraum net erreecht. Et war geplangt, um Fluch op de Mound e Kilogramm Natrium auszestoussen, déi eng vun der Äerd aus siichtbar Wollek forme sollt. Domat wollt een d'Bunn vun der Sond verfollegen. Et goufen nach dräi weider E-1-Missiounen, woubäi nëmmen déi lescht en deelweisen Erfolleg war, well zwar d'Schwéierfeld vun der Äerd iwwerwonne gouf, mä den Äerdmound verfeelt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]