Op den Inhalt sprangen

Luxchat

Vu Wikipedia

Luxchat ass e lëtzebuergesche gratis a plattformonofhängege VoIP-Service, deen Enn Mee 2023 lancéiert gouf[1]. D'Applikatioun gëtt mat oppenem Quellcode vum Ministère fir Digitaliséierung – an Zesummenaarbecht vu LU-CIX GIE an der Chambre de Commerce – fir Privatleit a Betriber zur Verfügung gestallt an erlaabt et iwwer eng direkt, sécher a vertraulech Manéier matenee ze kommunizéieren.

Luxchat4 ass gratis, ouni Reklammen an ouni d'Benotze vu perséinlechen Donnéeën an erfëllt domat d'Bedierfnesser vun enger sécherer Enn-zu-Enn Kommunikatiounsmethod.

Parallel zum ëffentleche System, gëtt et eng Applikatioun fir staatlech Betriber, gradewéi eng fir fir Entreprisen an Organisatiounen déi op méi héich Sécherheets-, IT Integratiouns- a Personnalisatiounsbedierfnesser zielen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Luxchat4Gov an am Artikel Luxchat4Pro.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Luxchat4Gov, la nouvelle messagerie instantanée du secteur public. digital.gouvernement.lu (23.05.2023). Gekuckt den 01.11.2023.