Ministère de la digitalisation

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ministère de la digitalisation
Ministère fir Digitaliséierung
Land Lëtzebuerg
Minister Stéphanie Obertin
Verwaltungssëtz Hôtel de Bourgogne (Stad Lëtzebuerg)
Adress 4, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 11 Dezember 2018
Um Spaweck https://digital.gouvernement.lu/

De Ministère fir Digitaliséierung, offiziell Ministère de la Digitalisation zu Lëtzebuerg, ass e Ministère deen am Kader vum Regierungsprogramm vun der Regierung Bettel-Kersch-Bausch den 11. Dezember 2018 an d'Liewe geruff gouf fir d'Digitaliséierung an de Mëttelpunkt ze stellen.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère fir Digitaliséierung setzt a verschiddene vu senge Projeten op eng Approche, déi „oppen Innovatioun“ ((en) Open Innovation) genannt gëtt, déi gewéinlech definéiert gëtt als „bewosst Agäng an Ausgäng vu Kenntnisser fir d'intern Innovatioun ze beschleunegen“. Eng oppen Innovatioun steet also am Géigesaz zu engem zouenen Innovatiounsprozess. D'Entwécklung vun der Digitaliséierung an d'digital Revolutioun an der Gesellschaft hunn d'Verhältnesser tëschent dem Staat, de Bierger a de Betriber staark verännert. Duerch en generaliséierten Internetzougang hunn si en stännegen an direkten Uschloss un d'digital Servicer vum Staat.

D'Zil vum Ministère ass et op de Wee vun engem Digital Government ze kommen, esou wéi et vun den internationalen Instanzen recommandéiert gëtt. Et leet den Accent dowéinst op dës véier Haaptpunkten:

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir Digitaliséierung falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de la digitalisation – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Annexe B – Constitution des Ministères vum Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement