Luxchat4Gov
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Luxchat4Gov ass e lëtzebuergesche VoIP-Service, deen Enn Mee 2023 lancéiert gouf[1]. D'Applikatioun gëtt mat oppenem Quellcode vum Ministère fir Digitaliséierung fir eng professionell Kommunikatioun am ëffentleche Secteur ugebueden.
Luxchat4Gov ass gratis, ouni Reklammen an ouni d'Benotze vu perséinlechen Donnéeën an erfëllt domat d'Bedierfnesser vum ëffentleche Secteur fir e séchert Kommunikatiounsmëttel mat enger kompletter nationaler Autonomie a punkto Sécherheet a Dateverwaltung.
Parallel zum System fir déi staatlech Servicer, gëtt et eng Applikatioun fir Privatleit a Betriber, mat där zwou oder méi Persounen op enger direkter, sécherer a vertraulecher Manéier matenee kommunizéiere kënnen gradewéi eng fir fir Entreprisen an Organisatiounen déi op méi héich Sécherheets-, IT Integratiouns- a Personnalisatiounsbedierfnesser zielen.
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel Luxchat an am Artikel Luxchat4Pro.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Luxchat4Gov, la nouvelle messagerie instantanée du secteur public. digital.gouvernement.lu (23.05.2023). Gekuckt den 01.11.2023.