Luxembourg Centre for Systems Biomedicine

Vu Wikipedia

De Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) ass e Fuerschungszenter fir Biomedizin deen 2009 gegrënnt gouf. Zanter 2011 ass den LCSB um Universitéitscampus vun Esch-Belval, an zwee Gebaier an der Avenue des Hauts-Fourneaux an an der Avenue du Swing, ënnerbruecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2008 huet d'lëtzebuergesch Regierung annoncéiert[Source?], eng considerabel Zomm[Wéi vill?] an de lëtzebuergesche Biotechnologie-Secteur z'investéieren. D'Zil war fir de Grand-duché an en Zentrum fir personaliséiert Medezin ze verwandelen.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

De Luxembourg Centre for Systems Biomedicine ass ee vun den dräi interdisziplinäre Fuerschungszentren op der Universitéit Lëtzebuerg.

Den LCSB bréngt d'biomedezinesch Fuerschung no vir, andeems en d'Systembiologie an d'medezinesch Fuerschung matenee verbënnt. Déi Zesummenaarbecht tëscht Biologen, Dokteren, Informatiker, Physiker, Ingenieuren a Mathematiker bitt nei Abléck a komplex Systemer wéi Zellen, Organer an Organismen. Déi Abléck si wiesentlech fir d'Haaptmechanisme vum Entstoe vu Krankheeten (Pathogenes) ze verstoen a fir nei Methoden an der Diagnostik an an der Therapie z'entwéckelen.

D'Haaptzil ass d'Bekämpfung vun neurodegenerative Krankheete mat Schwéierpunkt op Parkinson. Op deem Gebitt ass den LCSB Deel vun engem internationalen Netzwierk[Wou ?].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]