Métropole (Esch)

Vu Wikipedia
De fréiere Métropole, Dez. 2007

De Métropole war e fréiere Kino zu Esch-Uelzecht, deen an der Uelzechtstrooss stoung.

En huet seng Dieren 1921 opgemaach, Proprietär war d'Famill Gantenbein. De Métropole war deen éischte Kino zu Letzebuerg, dee "richteg" Tounfilmer gewisen huet, dat heescht Filmer, bei deenen d'Tounspuer um Film drop war an net op enger Schallplack niewendrun. An der Zäit vum Zweete Weltkrich huet e Metropol-Lichtspiele geheescht.

1970 huet e fir ëmmer zougemaach. Zanterhier ass e Supermarché ënnenan.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]