Maclaurin (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Maclaurin
De Moundkrater Maclaurin mat Niewekrateren
Koordinaten 1°55'12"S, 67°59'24"O
Duerchmiesser 54,33 km
Déift 3.380 m[1]
Selenographesch Längt 292° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21


De Maclaurin ass en Aschlagkrater südwestlech vum klenge Mare Spumans am ëstlechen Deel vun der viischter Moundsäit. Hie läit nordëstlech vum opfällege Krater Langrenus a west-nordwestlech vum Krater Gilbert.

D'Kraterstruktur vum Maclaurin erschéngt ongewéinlech, well vill kleng Krateren u säi baussenzege Rand stoussen. Am Norde sinn dat speziell déi vu Lava iwwerschwemmt Maclaurin O a Maclaurin K. Laanscht d'Nordost-, Ost- an d'Südsäit sinn och Satellittekrateren. Déi dräi Krateren um Südrand, zu deene Maclaurin A a Maclaurin N gehéieren, si wäit genuch an den Haaptkrater agedrongen, fir den Ëmrëss op där Plaz ofzeflaachen. Déi eenzeg fräi Plazen am Ëmfang sinn op der Westsäit an op enger kuerzer Streck am Südosten. Trotz allem huet de Maclaurin eng zimmlech kreesronn Form.

Déi bannenzeg Kraterwänn falen an engem liichte Rampli op den ofgeflaachte Kraterbuedem. De mëttlere Beräich gouf, méiglecherweis duerch basaltesch Lava, nei gebilt an huet dofir wéinst senger donkeler Téinung eng niddreg Albedo. Am Mëttelpunkt vum Kraterbuedem läit en niddregen zentrale Bierg.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 3,24° S, 67,56° O7 29 km [1]
B 3,69° S, 71,51° O7 36 km [2]
C 1,22° S, 69,4° O7 31 km [3]
D 7,07° S, 69,86° O7 11 km [4]
E 3,51° S, 65,59° O7 22 km [5]
G 7,01° S, 66,97° O7 17 km [6]
H 1,58° S, 64,13° O7 42 km [7]
J 2,58° S, 69,35° O7 15 km [8]
K 1,11° S, 66,78° O7 35 km [9]
L 1,37° S, 71,45° O7 28 km [10]
M 4,92° S, 69,14° O7 42 km [11]
N 3,82° S, 68,36° O7 31 km [12]
O 0,16° S, 67,6° O7 41 km [13]
P 6,11° S, 69,45° O7 32 km [14]
T 1,84° S, 65,34° O7 33 km [15]
U 4,04° S, 66,43° O7 19 km [16]
W 0,57° N, 68,17° O7 23 km [17]
X 0,11° N, 68,64° O7 18 km [18]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.