Maithripala Sirisena

Vu Wikipedia
Maithripala Sirisena
Gebuer 3. September 1951
Nationalitéit Sri Lanka
Aktivitéit Politiker

De Pallewatte Gamaralalage Maithripala Yapa Sirisena (kuerz Maithripala Sirisena; Tamilesch: மைத்திரிபால சிறிசேன), gebuer den 3. September 1951, ass e sri-lankesche Politiker.

Hie gouf 1978 Beruffspolitiker vun der Partei SLFP an 1979 Parteisekretär vum Distrikt. 1983 gouf en nationale President vun der SLFP-Jugendorganisatioun. 1989 gouf en eng éischt Kéier an d'Parlament vu Sri Lanka gewielt an 1994, 2000, 2001, 2004 an 2010 erëmgewielt.

Tëscht 1997 an 2001 an dann nees vun 2004 bis 2014 war hie Minister mat verschiddene Portefeuillen, fir d'lescht mat deem vum Gesondheetsminister. Vu Juni 2001 bis November 2014 war hie Generalsekretär vun der SLFP.

Den 8. Januar 2015 huet hien, als Kandidat vun der Oppositioun, iwwerraschend bei de Presidentewale géint den deemolege President Mahinda Rajapaksa gewonnen a gouf den 9. Januar 2015 offiziell als President vum Sri Lanka vereedegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maithripala Sirisena – Biller, Videoen oder Audiodateien