Mammerent

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Mammerent (Forfait d'éducation) ass eng gesetzlech Pensiounszoulag, déi de Lëtzebuerger Staat engem Erzéiungsberechtegten all Mount bezilt, wann en engem lëtzebuergesche Sozialversécherungssystem ugehéiert, a virdrun nach net vun enger gläicher Vergënstegung, wéi e Congé de maternité, profitéiert huet.

D'Mammerent gouf zu Lëtzebuerg duerch d'Gesetz vum 28. Juni 2002 geschaf an op 74,37 Euro (3.000 LUF) pro Kand a Mount festesat. Dëse Betrag war indexéiert. D'Indexbindung gouf awer 2006 opgehuewen. Vum 1. Januar 2009 un ass d'Mammerent steierfräi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]