Mamnoon Hussain

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Mamnoon Hussain (Urdu: ممنون حسی), gebuer den 2. Mäerz 1940 zu Agra an Indien, ass e pakistanesche Geschäftsmann a Politiker[1]. Hien ass zanter 2013 President vu Pakistan.

Den Hussain war 1999 fir kuerz Zäit Gouverneur vun der Provënz Sindh, huet dêst Amt awer nom Militärputsch duerch de Pervez Musharraf nees verluer. Hie gouf President vun der Industrie- an Handelskummer vu Karatschi[2]

2013 gouf hie vun der Muslimliga (déi och an der Regierung war) als Kandidat fir d'Presidentschaftswal 2013 nominéiert. Den 30. Juli 2013 gouf de Mamoon Hussein, als Nofolger vum Asif Ali Zardari, deen net méi kandidéiert hat, zum 12. President vu Pakistan gewielt. Den 9. September 2013 huet hie säi Mandat offiziell ugetrueden.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Mamnoon Hussain ist neuer Präsident Pakistans", Der Standard, 2013-07-31
  2. "Pakistan: Geschäftsmann Hussain zum Präsidenten gewählt." faz.net, 30. Juli 2013.
  3. "Pakistans Staatschef Zardari aus dem Amt geschieden" Die Welt, 2013-09-08