Manhigh

Vu Wikipedia
Gondel vu Manhigh II

Manhigh war d'Bezeechnung vun enger Serie vu bemannte Ballonflich an Héichte vun 30 Kilometer, déi vun 1955 vun der US-Air Force initiéiert gouf.

Zil vun de Flich an enger Héicht vun iwwer 99 % vun der Äerdatmosphär war d'Erfaasse vu wëssenschaftlechen Daten iwwer d'Verhale vun engem Ballon an där Héicht an d'Wierkung vun der kosmescher Stralung op de Mënsch. De Programm bestoung aus dräi bemannten a weideren onbemannte Flich:

Dee mat Helium gefëllte Ballon aus Polyethylen[1] hat en Duerchmiesser vu 60 Meter an e Volume vu 85.000 Kubikmeter. Déi hermetesch Gondel hat e Gewiicht vu 747 Kilogramm.

E groussen Deel vun de Flich gouf vun der Holloman Air Force Base aus gemaach.

Manhigh I[änneren | Quelltext änneren]

No e puer erfollegräichen Testflich mat Mais, Hamsteren a spéider och Afe gouf entscheet, e bemannte Ballonfluch op ronn 30.000 Meter z'ënnerhuelen.

Als Testpilot gouf den Joseph Kittinger erausgesicht, deen um fréie Mueren den 2. Juni 1957 gestart ass. Trotz e puer technesche Schwieregkeeten – d'Gondel konnt wéinst Geldschwieregkeete virun hirem Asaz bei Manhigh I net an enger Drockkummer getest ginn, sou datt e falsch agebaut Ventil net entdeckt gouf – hat de Ballon mam Kittinger déi geplangt Héicht vun 29.500 Meter erreecht, an hien ass no e puer Stonnen nees sécher gelant.

Manhigh II[änneren | Quelltext änneren]

Den nächsten Testfluch ass um fréie Muere vum 19. August 1957 mam David Simons als Pilot gestart ginn a sollt 24 Stonnen an enger Héicht vun 30 Kilometer daueren. Zäitweis gouf d'Entreprise awer vun enger Schlechtwiederfront, déi iwwer dem Gebiit opgezunn ass, gestéiert. De Simons war zwar mat sengem Ballon en ettlech Kilometer iwwer dem Wieder, allerdéngs huet d'Wollekendecke verhënnert, datt d'Wäermofstralung vun der Äerd an de Weltraum entweeche konnt. Dofir gouf d'Loft an domat och den Helium am Ballon méi kill, sou datt deen no ënnen an d'Wiederfront erofgoung. De Simons hat et gepackt fir iwwer d'Nuecht, d'Héicht vum Ballon ze halen, sou datt hien no 32 Stonnen trotzdeem intakt nees op d'Äerd zeréckkoum.
Säi Fluch gouf als Bewäis benotzt, datt e Mënsch trotz der kosmescher Stralung méi laang Zäit am Weltraum iwwerliewe kann.

Manhigh III[änneren | Quelltext änneren]

De leschte Fluch am Programm war Manhigh III. De Clifton McClure war 29.900 Meter héich geflunn a war nees intakt zeréckkomm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) ISpySpace: Project Manhigh