Groussmonument Mansudae

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mansudae)
Groussmonument Mansudae
Typ Monument,
Plaz
Land Nordkorea
Gemeng Pjöngjang
Koordinaten 39°1'55,57"N, 125°45'11,03"O
Material Bronz
Figuregrupp laanscht d'Säit

D'Groussmonument Mansudae, um Mansu-Hiwwel am Quartier Chung-guyŏk vun der nordkoreanescher Haaptstad Pjöngjang, ass e Monument fir un d'Onofhängegkeetsbeweegung ënner dem Kim Il-sung (1912–1994) géint d'japanesch Herrschaft iwwer Korea z'erënneren.

Et gouf 1972 ageweit an huet eng Gesamtsurface vu 24 Hektar. Am Zentrum stinn zwou ronn 20 Meter héich Bronzefigure vum Kim Il-sung a sengem Jong, dem Kim Jong-il.

Lénks a riets dervu si 50 Meter laang an 22,8 Meter héich stenge Fändelen[1] Do ronderëm sinn am Ganzen 228 bis zu 5 Meter héich Statue regruppéiert. Déi 119 Figurenvun der Grupp op der iretser Säit sollen den historesche Fräiheetskampf vum koreanesche Vollek duerstellen. Déi 109 Figuren op der lénkser Säit weise Persounen, déi remarkabeles fir d'sozialistesch Revolutioun a beim Opbau vun Nordkorea geleescht sollen hunn.

Am Hannergrond vum Monument ass de Koreanesche Revolutiounsmusée, deen 1955 gegrënnt gouf, 1961 op de Mansudae geplënnert an 1972 iwwerschafft gouf. Op senger Fassad ass e 70 Meter laangt an 12,85 Meter héicht Wandmosaik mat drop dem Paektusan, dem Symbol vum Kim sengem Fräiheetskampf (a fir d'glorifizéiert Herrschaft vun der Kim-Famill).

Ufanks stoung just de Kim Il-Sung do, de Kim Jong-Il gouf 2012, fir den 100. Gebuertsdag vu sengem Papp, derbäigestallt. De Papp krut bei där Geleeënheet e Kostüm aplaz vun der Mao-Uniform an e Brëll. De Jong-il gëtt mat senger typescher gefidderter Jackett representéiert.

D'Groussmonument gëlt als eng vun de bedeitendste Plaze vum Persounekult ronderëm de Grousse Guide an Éiwege President Kim Il-sung an den Éiwege Generalsekretär an Éiwege President vum Nationale Verdeedegungskommitee Kim Jong-il.

Wien d'Monument besicht, ass supposéiert, Blummen do néierzeleeën a sech ze vernäipen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mansudae Grand Monument – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Philipp Meuser (Hrsg.): Architekturführer Pjöngjang. Band 1: Fotos und Beschreibungen. DOM publishers, Berlin 2011, ISBN 978-3-86922-126-7, S. 111.