Marc Seguin

Vu Wikipedia
Marc Seguin
Gebuer 20. Abrëll 1786
Paräis
Gestuerwen 24. Februar 1875
Annonay
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national des arts et métiers
Aktivitéit Erfinder, Ingenieur, Entreprener
Member vun Académie des sciences
D'Passerelle de la Grève
D'Passerelle Marc-Seguin tëscht Tournon-sur-Rhône an Tain-l'Hermitage
Nobau vum Seguin senger Lokomotiv
Statu zu Tournon-sur-Rhône.

De Marc Seguin, gebuer den 20. Abrëll 1786 zu Annonay an och do de 24. Februar 1875 gestuerwen, war e franséischen Ingenieur an Erfinder.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Hie war de Bouf vum Grënner vun der Firma Seguin et Cie, dem François Seguin an deem senger Fra Thérèse-Augustine de Montgolfier. Vun der Mamm hier war hien e klengen Neveu vun de Bridder Montgolfier.

Seng Kandskanner Louis a Laurent Seguin hunn Motorsfabréck Gnome gegrënnt.

Erfindungen[änneren | Quelltext änneren]

De Seguin ass den Erfinder vum Rouerkessel mat bannezegen Heizréier, fir Dampmaschinnen.[1]). Hien huet seng Fuerschungen op deem Gebitt zesumme mam George Stephenson bedriwwen, mat deem hien e grousse Wëssensaustausch hat.

Hien huet och de System vun den Hänkbrécke verbessert andeems e stole Seeler amplaz vu Kette benotzt huet. Déi éischt Bréck déi sou gebaut gouf war eng Foussgängerbréck vun 18 Meter zu Annonay iwwer d'Cance.

1823 huet en zu Genf zesumme mam Guillaume-Henri Dufour a Marc-Auguste Pictet, d'Passerelle de Saint-Antoine, eng vun den éischte groussen Hänkbrécke mat Stolkabele gebaut[2] an 1825 huet en déi éischt Bréck zu Tournon gebaut, déi nodeem et eng Foussgängerbréck gouf, 1965 ewechgerappt gouf.

Déi eelst vu senge Brécken déi nach am Déngscht ass, ass déi vun Andance, déi 1827 gebaut gouf. Anerer méi jonker, déi nach bestinn, sinn d'Passerelle Saint-Symphorien vun 1847 zuTours, an d'Passerelle Marc-Seguin vun 1849 e puer honnert Meter nieft der éischter Bréck vun Tournon. A ganz Frankräich gëtt et der nach ongeféier 180.

De Seguin huet och e puer Erfindungen am Bau vun de Flosspiliere gemaach, haaptsächlech am Géisse vu Bëtong ënner Waasser.

Hie war och déi dreiwend Kraaft beim Bau vun der Eisebunnsstreck Lyon - Saint-Étienne, der zweeter déi a Frankräich gebaut gouf. Op där Streck sinn déi éischt franséisch Lokomotive gefuer déi de Seguin op Basis vun deene vum George Stephenson gebaut huet a mat senger Erfindung, engem verbesserte Rouerkessel ekipéiert huet, wat eng sechsmol méi grouss Leeschtung bruecht huet. Seng éischt Dampmaschinn ass den 1. Oktober 1829 gelaf.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Seguin, Des Ponts en fil de fer, Bachelier, Paris, 1824, 2. Ed., Bachelier, Paris, 1826 ( um Netz ze liesen ).
  • De l'influence des chemins de fer et de l'art de les tracer et de les construire, Carilian-Gœury et V. Dalmont, Paris, 1839, Neidrock 1887 ( um Netz ze liesen ).
  • Mémoire sur la navigation à vapeur, lu à l'Institut, le 26 décembre 1826, Bachelier, Paris, 1828, ( um Netz ze liesen ).
  • Mécanique industrielle. Mémoire sur un nouveau système de moteur fonctionnant toujours avec la même vapeur, à laquelle on restitue, à chaque coup de piston, la chaleur qu'elle a perdue en produisant l'effet mécanique, Paris, Mallet-Bachelier, 1857.
  • Mémoire sur l'origine et la propagation de la force, Mallet-Bachelier, Paris, 1857 ( um Netz ze liesen )

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Cotte, L'approche mathématique du pont suspendu chez Marc Seguin, 1822-1826, Revue d'histoire des sciences, année 1993, volume 46, ( um Netz ze liesen )
  • Brochure De l'inventeur à l'entrepreneur, histoire de brevets, Cnam: Musée des Arts et métiers, Paris, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marc Seguin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Marc Seguin, Biller vu Lokomotiven – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Marc Combe, Bernard Escudié, Jacques Payen ,Vapeurs sur le Rhône: histoire scientifique et technique de la navigation à vapeur de Lyon à la mer, Presses Universitaires de Lyon, 1991.
  2. Passerelle St-Antoine à Genève - 1823 Websäit vun art-et-histoire.com, gekuckt den 29 November 2015