Marcq (Ardennes)
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Grand Est | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Vouziers | ||||
| Kanton | Attigny | ||||
| Postcode | 08250 | ||||
| Gemengecode | 08274 | ||||
| Koordinaten | 49° 19’ 14’’ N 04° 55’ 40’’ O | ||||
| Fläch | 1.061 ha | ||||
| Bevëlkerung | 110 (2006) | ||||
Marcq ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Aire.
Fréier war Marcq iwwer d'Gare Marcq-Saint-Juvin déi um hallwe Wee tëscht Marcq a Saint-Juvin stoung un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Zwou Strecken hunn d'Gare zerwéiert, an zwar d'Streck Marcq-Saint-Juvin - Baroncourt, déi sougenannt Geeschterstreck, an d'Streck Challerange-Aubréville. De 24. August 1995 gouf d'nodeems scho jorelaang keen Zuch méi do gefuer ass, d'Bréck vun der Départementale 42, déi nieft der Gare iwwer d'Gleiser gefouert huet, gesprengt.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kierch vun 1924
- D'Schlass "Mercier"
- D'Schlass "Dérué"
Persounen
[änneren | Quelltext änneren]- De Generol Savary ass zu Marcq op d'Welt komm.
- De Colonel Derué bekannte Fechter ass am Schlass vu sengen Elteren zu Marcq op d'Welt komm.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Ardennes
- Arrondissementer am Departement Ardennes
- Kantonen am Departement Ardennes
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Ardennes