Eisebunnsstreck Marcq-Saint-Juvin - Baroncourt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Eisebunnsstreck Marcq-Saint-Juvin - Baroncourt gouf am Kader vum Bau vun der Maginot-Linn tëscht dem éischten an zweete Weltkrich gebaut.

De franséischen État-major wollt eng Rocade hunn, déi den Accès un déi hënnescht Linnen am Secteur vu Longuyon méi liicht sollt maachen, an doriwwer eraus sollt se op déi ekonomeschst Manéier eng Verbindungsstreck tëscht anere Strecke vum deemolege Reseau sinn.[1]

De Plang war fir vun Osten no Westen duerch d'Argonne ze fueren, mat engem Uschloss un d'Militärstreck Apremont-Aubreville.

Den 22. August 1930 huet de Staat säin Accord ginn an d'Käschte goufen zu 4/5 vum Staat gedroen, de Rescht vun der Eisebunnsgesellschaft Compagnie de l'Est. D'Streck sollt zweegleiseg gebaut ginn.

De Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank vun der Streck war bei der Gare vu Marcq. Vun do aus sinn d'Gleiser mat enger gläichméisseger Pente vun 0,7 % dem Dall vun der Aire nogelaf, an duerno där hirer Niewebaach dem Ruisseau de Genes bis bei d'Griecht vun Exermont iwwer déi de Viaduc vun Ariéthal gefouert huet. Nodeem se am Departement vun der Meuse war, ass et mat enger Pente vun 0,4 % duerch den Dall vum Andon weider bis op Dun gaangen.

D'Streck hat dräi Militärquaien an zwar zu Marcq, Romagne-Banthéville an Dun. D'Signalisatioun war mat engem Block Lartigue ekipéiert. Et sollten 72 Arméiszich a 24 Stonne kënnen zirkuléieren.

Obschonn den Handel an där Géigend net dichteg war, war eng Marchandisegare zu Romagne-Banthéville virgesinn. Duerch eng ministeriell Decisioun vum 12. August 1934 krut d'Eisbunnsgesellschaft erlaabt de Bau vun där Gare zréckzesetzen. D'Streck ass och ni fir de Gidderverkéier opgaangen.

Am Mee 1940 war zimmlech Verkéier op der Streck, bis déi franséisch Truppen déi sech zréckgezunn hunn, ee Bou vum Viaduc vun Ariéthal gesprengt hunn.

Am Laf vun 1941 huet déi däitsch Arméi erëm ee Gleis betribsfäeg gemaach, an dat zweet Gleis gouf 1943 ofmontéiert. Wéi dunn 1944 d'Wehrmacht sech zréckgezunn huet, huet se d'Bréck zu Dun an d'Airebréck bei Marcq gesprengt.

D'Streck gouf duerno ni méi a Betrib geholl, a gouf de 24. Mee 1951 deklasséiert.

Op der 28 Kilometer laanger Streck gouf et zwou gréisser Konstruktiounen:

  • de Viaduc vun Ariéthal (184,5 m)
  • d'Bréck iwwer d'Aire bei Marcq (40 m)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sur les rails d'Ardennes et de Gaume