Marduk (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
Marduk bei engem Concert (2008)
Daniel “Mortuus” Rostèn, 2015
Morgan Steinmeyer Håkansson, 2015

Marduk ass eng schweedesch Black-Metal-Band déi 1990 zu Norrköping vum Morgan Håkansson gegrënnt gouf mat der Motivatioun, déi "brutaalst a blasphemeschst Band vun allen Zäiten" op d'Been ze stellen. Si ass no der babylonescher Gottheet Marduk benannt.

Nodeem d'Grupp 1991 d'Demoband Fuck Me Jesus verëffentlecht hat, huet si 1992 hiren Debutalbum Dark Endless erausbruecht a Concerte ginn, fir d'éischt a Schweden duerno a ganz Europa, an duerno och iwwer Europa eraus. 1993 ass si vun hirem schweedesche Plackelabel bei de franséische Label Osmose gewiesselt. An de joren drop hu si reegelméisseg Albume bei verschiddene Plackelabelen erausbruecht a sinn ënner anerem mat der norwegescher Band Immortal op Tournée gaangen. Am Joer 2000 hu si den éischten Album op hirem eegene Plackelabel Blooddawn Productions erausbruecht.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992: Dark Endless
  • 1993: Those of the Unlight
  • 1994: Opus Nocturne
  • 1996: Heaven Shall Burn... When We Are Gathered
  • 1998: Nightwing
  • 1999: Panzer Division Marduk
  • 2001: La Grande Danse Macabre
  • 2003: World Funeral
  • 2004: Plague Angel
  • 2007: Rom 5:12
  • 2009: Wormwood
  • 2012: Serpent Sermon
  • 2015: Frontschwein
  • 2018: Viktoria
  • 2023: Memento Mori

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marduk (Museksgrupp) – Biller, Videoen oder Audiodateien