Margot Guion

Vu Wikipedia
Margot Guion
Gebuer 15. November 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun ARC Kënschtlerkrees

D'Margot Guion, gebuer de 15. November 1937 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Molerin.

No der Primärschoul ass d'Margot Guion op d'Haushalteschoul zu Virton gaangen, An hire fräie Momenter huet se Molcourse beim franséische Professer Henri Fürtz geholl.

Si ass Autodidakt a moolt virun allem Portraiten. Si bleift am Figurativen a schafft am léifste mat Uelegfaarwen.

D'Margot Guion ass bestuet an huet 3 Kanner.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gruppen: Mondorf, Veianen, Näerzeng
  • Individuell: Esch-Uelzecht

Quell[änneren | Quelltext änneren]