Op den Inhalt sprangen

Margrethe II. vun Dänemark

Vu Wikipedia
Margrethe II. vun Dänemark
Titelen
Kinnigin vu Dänemark
Zäit 1975 bis 2024
Virgänger Frederik IX. vun Dänemark
Nofollger Frederik X. vun Dänemark
Biographie
Gebuer 16. Abrëll 1940
Bestuet mat Henri de Laborde de Monpezat
Papp Frederik IX. vun Dänemark
Geschwëster Anne-Marie vun Dänemark
Kanner Frederik X. vun Dänemark
De Monogramm

D'Margrethe II. vun Dänemark [mɑˈg̊ʁeːɪ̯d̥ə], gebuer de 16. Abrëll 1940 zu Kopenhagen als Margrethe Alexandrine Þórhildur Ingrid, war vum 14. Januar 1972 bis de 14. Januar 2024 Kinnigin a Staatscheffin vun Dänemark (Danmarks Dronning), vun de Färöer a vu Grönland.

Si kënnt aus der Famill Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg.

D'Margrethe ass déi eelst Duechter vum Frederik IX. vun Dänemark (1899–1972) a senger Fra Ingrid vu Schweden (1910–2000). Nodeems hire Papp 1947 zum Kinnek proklaméiert gi war, gouf ufanks hire Monni Knut vun Dänemark Trounfollger. 1953 huet eng Ännerung vun der Verfassung et méiglech gemaach, datt och eng weiblech Successioun méiglech wier.

Si ass d'Wittfra vum Henri de Laborde de Monpezat (Prënz Henrik vun Dänemark), deen se 1967 bestuet hat, an deen 2018 gestuerwen ass. Si hunn zwéi Jongen:

  • De Frederik (* 26. Mee 1968), zanter dem 14. Januar 2024 Kinnek vun Dänemark;
  • De Prënz Joachim (* 7. Juni 1969).

An der Usprooch fir Neijoerschdag 2024 huet si matgedeelt, datt se de 14. Januar 2024 zugonschte vun hirem Fils Frederik ofdanke géif[1].

Commons: Margrethe II. vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (lb)No 52 Joer: Dänesch Kinnigin Margrethe II. annoncéiert Ofdankung. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2.01.2024.