Maria Margaretha Kirch

Vu Wikipedia
Maria Margaretha Kirch
Gebuer 25. Februar 1670
Leipzig
Gestuerwen 29. Dezember 1720
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom
Famill
Bestuet mat Gottfried Kirch

D'Maria Margaretha Kirch, gebuer de 25. Februar 1670 zu Panitzsch bei Leipzig a gestuerwen den 29. Dezember 1720 zu Berlin, war eng däitsch Astronomin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Maria Margaretha, gebuer Winkelmann war déi jéngst Duechter vun dräi vum lutheresche Paschtouer Matthias Winkelmann († 1682) an der Buch- an Duchhandelsduechter Maria Töllner († 1683). Nom Doud vun hirer Mamm, gouf d'Maria vun hirem 13 Joer un, vun hirer Schwëster Sara Elisabeth opgezunn. Hiren Tutor, de pietistesche Amtsnofolger vun hirem Papp zu Panitzsch, de Justinus Töllner, dee spéider hir Schwëster bestuet hat, huet si weider ënnerriicht. Déi zweet Schwëster Anna Magdalena hat de Brudder Heinrich Töllner bestuet.[1] D'Maria Margaretha war warscheinlech am Déngscht vum befrënnte Bauerenastronom Christoph Arnold am Nopeschduerf Sommerfeld. Hei hat si sech grondleeënd Kenntnesser an Asiichte bei astronomeschen Observatiounen ugeeegent. Do gouf si och an déi éischt Grondlage vun der Meteorologie agefouert. Beim Arnold hat si hire spéidere Mann, deen drësseg Joer méi ale Wittmann Gottfried Kirch kenne geléiert.

Am Mee 1692 hat si de Gottfried Kirch bestuet. Si huet hire Mann vun dëser Zäit un bei den Observatiounen ënnerstëtzt. Béid ware radikal Pietisten an hu missen am Laf vun de Verfollgunge vun der evangeelescher Reformbeweegung, Leipzig verloossen, a sinn am Gottfried seng Gebuertsstad Guben gezunn. Do goufen 1694 hire Jong Christfried, 1696 d'Duechter Christine a spéider eng weider Duechter mam Numm Maria gebuer.

Entdeckt hat d'Maria Margaretha Kirch de Koméit vu 1702. Am Joer 1712 hat si eng Schrëft iwwer déi kommend Konjunktioun vu Jupiter a Saturn publizéiert. Hir Kanner Christfried Kirch a Christine Kirch haten hire Papp och bei den Aarbechten ënnerstëtzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Monika Mommertz: Schattenökonomie der Wissenschaft. Geschlechterordnung und Arbeitssysteme in der Astronomie der Berliner Akademie der Wissenschaften im 18. Jahrhundert. In: Theresa Wobbe (Hrsg.): Frauen in Akademie und Wissenschaft. Arbeitsorte und Forschungspraktiken 1700–2000. Akademie Verlag, Berlin 2002, S. 31–63, ISBN 3-05-003639-7 (PDF, PDF, ofgeruff den 2. Juli 2011)
  • Peter Aufgebauer. Die Astronomenfamilie Kirch (1639–1829). In: Die Sterne (Leipzig) 47 (1971), S. 241–247.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gottfried-Kirch-Edition. Familie. Gearchiveerd op 2007-07-04. Gekuckt de(n) 2013-04-24.