Op den Inhalt sprangen

Marie Müller-Tesch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Marie Tesch, bestuet Müller. Fir d'Marie Tesch, bestuet Munchen, kuckt wgl. Marie Tesch.
Marie Müller-Tesch
Gebuertsnumm Victor Caroline Marie Cécile Henriette Tesch
Gebuer 17. August 1841
Arel
Gestuerwen 23. Februar 1915
Esch-Uelzecht
Famill
Papp Victor Tesch
Mamm Caroline Nothomb

D'Marie Tesch, bestuet Müller-Tesch, gebuer de 17. August 1841 zu Arel, a gestuerwen den 23. Februar 1915 zu Esch-Uelzecht, war eng belsch-lëtzbuergesch Mäzenin.[1]

D'Marie Tesch war d'Duechter vun der Marie Caroline Amélie Nothomb an dem Victor Tesch. Si huet sech den 19. Abrëll 1870 mam Hubert Müller bestuet, dee vun 1911 bis 1917 deen éischte President vum Verwaltungsrot vun der ARBED war. D'Koppel huet vun 1904 un ofwiesselnd zu Esch am Berwarts Schlass an zu Miezeg am Schlass Tesch dem sougenannte Castel gewunnt.

D'Marie Müller-Tesch huet sech fir aarm Fraen a Weesekanner agesat. Sou huet si 26 Joer laang (zesumme mat 3 anere Fraen) d'Dépensë vu Meedercher aus Aarbechterfamillen iwwerholl, déi an d'Haushaltungsschoul goungen. D'Fondation Marie Müller-Tesch, déi se gegrënnt huet, huet no hirem Doud der Stad Esch e Legat iwwerlooss (Suen, souwéi d'Exploitatiounsrechter vun eger Grouf), fir de Bau vun engem Heem fir Weesekanner ze finanzéieren. 1950 huet d'Escher Gemeng domat d'Schlass Tornaco zu Suessem kaaft an doran d'"Kannerschlass" ageriicht.

Den 21. Dezember 1936 huet den Escher Gemengerot decidéiert, eng Strooss am Quartier Bruch no hir ze nennen.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.173.