Marie Tesch
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Marie Tesch, bestuet Munchen. Fir d'Marie Tesch, bestuet Müller, kuckt wgl. Marie Müller-Tesch. |
Marie Tesch | |
---|---|
Gebuer | 28. Abrëll 1832 |
Gestuerwen |
1. Juni 1904 Wiesbaden |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Famill | |
Bestuet mat | Gustave Munchen |
Kanner | Fernand Munchen |
D'Marie Barbe Joséphine Munchen-Tesch, gebuer den 28. Abrëll 1832[1] a gestuerwen den 1. Juni 1904 zu Wiesbaden[2][3], war eng Duechter vun der Koppel Ferdinand Materne Tesch an Antoinette Zeitz.
Si huet sech de 15. Februar 1854 zu Hesper mam Gustave Munchen bestuet an d'Koppel krut e Bouf, de Fernand, deen de 25. November 1854 gebuer gouf. Duerch en Accident ass hien am Alter vun nëmme 16 Joer, den 29. Dezember 1870 gestuerwen[4].
Als Erënnerung un hiert eenzegt Kand, huet d'Marie Tesch der deemoleger Gemeng Eech e bedeitend Verméige verierft, ë. a. d'Haus 10 an der Eecher Strooss, fir datt do eng Crèche kéint ageriicht ginn[5]. D'Gebai gëtt hautdesdaags nach als Spillschoul benotzt[6].
Iwwert d'Fondatioun Munchen-Tesch déi no hirem Doud gegrënnt gouf, goufen 1924 déi éischt Consultatioune vu Bëbeeën organiséiert[4].
Als Undenken un hir „Wohltäterin“ huet d'Stad Lëtzebuerg 1925 eng Strooss zu Eech no hir genannt: d'Rue Munchen-Tesch[7]; am Joer 2022 goufen d'Virnimm um Stroosseschëld bäigesat, sou datt d'Strooss elo Rue Marie Barbe Joséphine Munchen-Tesch heescht.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Marie Barbe Joséphine Tesch op www.ancestry.com gekuckt den 20. Mäerz 2022
- ↑ Annonce vum Doud vun der Marie Tesch an der Obermoselzeitung vum 3. Juni 1904 op eluxemburgensia gekuckt den 20. Mäerz 2022
- ↑ De Gustave Muchen an La famille MUNCHEN par Louis Wirion - Luxemburgensia onliner geluckt den 20.Mäerz 2022
- ↑ 4,0 4,1 (fr)Louis Wirion, La famille Munchen. a-z.lu (1949). Gekuckt de(n) 19.03.2022.
- ↑ (de)Henri Beck, Evy Friedrich, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu (1988). Gekuckt de(n) 19.03.2022.
- ↑ (de)Evamarie Bange, Stiftungen und Schenkungen an die Stadt und ihre Bürger. onsstad.vdl.lu (2015). Gekuckt de(n) 19.03.2022.
- ↑ (fr)Ville de Luxembourg, Rue Munchen-Tesch. www.findbuch.net (1925). Gekuckt de(n) 19.03.2022.