Marina Timofejewna Semjonowa

Vu Wikipedia
Marina Timofejewna Semjonowa
Gebuer 30. Mee 1908 jul.
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 9. Juni 2010
Moskau
Nationalitéit Sowjetunioun, Russescht Keeserräich, Russland
Aktivitéit Choreograph, Ballettdänzer

D'Marina Timofejewna Semjonowa (Марина Тимофеевна Семёнова), gebuer den 12. Juni 1908 zu Sankt Péitersbuerg a gestuerwen den 10. Juni 2010 zu Moskau, war eng russesch Balletdänzerin a Choreographin.

D'Marina Semjonowa war déi éischt Ballerina, déi vun der Agrippina Waganowa ausgebilt gouf. Fir d'éischt huet se am Kirow Ballet gedanzt, bis se 1930 vum Joseph Stalin perséinlech vu Leningrad op de Moskauer Bolschoi-Ballet tranferéiert gouf. Do huet se sech mam Lew Karachan bestuet, engem Bolschewik deen déi Zäit Vizeausseminister war an 1937 bei dem Stalin senge mäerderesche Raumaktioune "verschwonne gouf".

D'Semanowa hat 1935 Gaaschtoptrëtter zu Paräis am Ballet vun der Opéra de Paris wou se zesumme mam Serge Lifar Giselle gedanzt huet.

De Stalin Präis krut si 1941 an 1952 huet si sech vun der Bün zeréckgezunn. Duerno war si nach als Balletsléierin aktiv a vill Balletsdänzerinne wéi d'Natalja Bessmertnowa, Marina Kondratiewa, Nadeschda Pawlowa, Nina Sorokina, Ljudmila Semenjaka, Nina Timofejewa an d'Nina Ananiaschwili si vun hir trainéiert ginn.

Am Joer 2003 huet de Bolschoi-Theater de 95. Gebuertsdag vun der Semjonowa gefeiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]