Martin Uhrmacher

Vu Wikipedia
Martin Uhrmacher
Gebuer 1971
Koblenz
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Regionalhistoriker, Medievist, Universitéitsprofesser

De Martin Uhrmacher, gebuer 1971 zu Koblenz, ass en däitschen Historiker.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Martin Uhrmacher huet vun 1991 bis 1998 op der Universitéit Tréier Geschicht, Landesgeschicht, Klassesch Archeologie a Al Geschich, studéiert, an dee Studium mat engem Magister Artium ofgeschloss. Hie gouf du wëssenschaftleche Mataarbechter beim Projet Hospitäler im Rhein-Maas-Moselraum vom 7. bis zum 15. Jahrhundert vum Sonderforschungsbereich 'Zwischen Maas und Rhein' [1] vun der Uni Tréier (Direktioun: Franz Irsigler a Michel Pauly). Ausserdeem huet hie vun 1998 bis 1999, ënner der Direktioun vum Franz Irsigler a vum Rudolf Straßer, um Geschichtlichen Atlas der Rheinlande matgeschafft. 2007 huet hie mat senger Thees iwwer Lepra und Leprosorien im rheinischen Raum vom 12. bis zum 18. Jahrhundert promovéiert.

Zanter hirer Grënnung, 2003, vun der Universitéit Lëtzebuerg schafft den Uhrmacher do um Institute for History. Am August 2018 gouf hien zum Assistant Professor ernannt. Hie fuerscht do iwwer d'Geschicht vum haitege Lëtzebuerg, der Groussregioun a vum Rhäinland, souwéi Aspekter vun der Stadgeschicht, der Sozial- a Wirtschaftsgeschicht, der Geschicht vun der Kartografiean der Medezingeschicht. Hie leet zanter 2010 Fuerschungsprojeten iwwer d'Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg.[2] Zesumme mat der Stad Lëtzebuerg leet hien zanter 2016 den universitäre Fuerschungsprojet VILLUX X, woubäi et drëms geet, en digitalen an interaktiven historeschen Atlas vun der Stad Lëtzebuerg auszeschaffen. E goung den 28. November 2019 ënner der Internetadress Luxatlas.lu online.[3],[4]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hg. mam Shaaf Milani-Nia: Mansfeld Revisited: L’ancien château « La Fontaine » et son parc à Luxembourg-Clausen/Das ehemalige Schloss „La Fontaine“ und sein Park in Luxemburg-Clausen. État de la recherche, comparaison internationale et perspectives d’avenir/Forschungsstand, internationaler Vergleich und Zukunftsperspektiven. Luxembourg 2023. (PDF)
  • Hg. mam Guy Thewes: Extra Muros. Vorstädtische Räume in Spätmittelalter und Früher Neuzeit / Espaces suburbains au bas Moyen Âge et à l’époque moderne (Städteforschung, Reihe A, 91), Wien / Köln / Weimar 2019 ISBN 978-3-412-22273-4
  • Neue Staaten – neue Grenzen. Die Rhein-Maas-Mosel-Region zwischen den Grenzbereinigungen des Ancien Régime und der Neuordnung durch den Wiener Kongress (1779–1816), in: Repression, Reform und Neuordnung im Zeitalter der Revolutionen: Die Folgen des Wiener Kongresses für Westeuropa (Luxemburg Studien / Etudes Luxembourgeoises; 15), hg. v. Andreas Fickers, Norbert Franz u. Stephan Laux, Berlin 2019, S. 155–183 ISBN 978-3-631-77262-1
  • Lepra und Leprosorien im rheinischen Raum vom 12. bis zum 18. Jahrhundert (Beiträge zur Landes- und Kulturgeschichte; 8 / Publications du CLUDEM; 36), Trier 2011 ISBN 9783933701428
  • Leprosorien im Mittelalter und früher Neuzeit (Publikationen der Gesellschaft für Rheinische Geschichtskunde XII. Abt. 1b N.F.; Geschichtlicher Atlas der Rheinlande, Beiheft und Karte VIII.5), Köln 2000
  • Hg. mam Martial Gantelet Guy Thewes: La paix des Pyrénées et son impact en Lorraine et au Luxembourg/Der Pyrenäenfriede von 1659 und seine Auswirkungen auf Lothringen und Luxemburg. Actes du colloque international organisé du 5 au 7 novembre 2009 au Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg. Sonderband vun der Zeitschrift Hémecht. Revue d'histoire luxembourgeoise. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 62, 3/4, Luxembourg 2010
  • mam Michel Pauly: Burg, Stadt, Festung, Großstadt. Die Entwicklung der Stadt Luxemburg vom 10. bis zum 20. Jahrhundert, in: Luxemburg-Atlas – Atlas du Luxembourg, hg. v. P. Bousch; Ch. Schulz; T. Chilla; Ph. Gerber; Ch. Sohn, Köln 2009, S. 32–33 (2 Karten)
  • "Zu gutem Frieden und Eintracht strebend" – Norm und Praxis in Leprosorien des 15. Jahrhunderts im Spiegel ihrer Statuten. Das Beispiel Trier, in: Norm und Praxis der Armenfürsorge in Spätmittelalter und früher Neuzeit (Vierteljahrschrift für Sozial- und Wirtschaftsgeschichte (VSWG)-Beiheft 189), hg. v. Sebastian Schmitt und Jens Aspelmeier, Stuttgart 2006, S. 147–167 (1 Karte)
  • Die Lepra in Köln (12.–18. Jahrhundert), in: Krank – Gesund. 2000 Jahre Krankheit und Gesundheit in Köln, hg. v. Thomas Deres, Köln 2005, S. 98–113

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zwischen Maas und Rhein
  2. |titel=Villux.uni.lu Villux op uni.lu, nogekuckt 2019-02-08.
  3. Ryck Thill: "Eng digital Zäitrees duerch d'Stad Lëtzebuerg ." rtl.lu, 2019-12-02.
  4. Luxatlas.lu.