Op den Inhalt sprangen

Mathias Birthon

Vu Wikipedia
Mathias Birthon
Gestuerwen 1604
Aktivitéit Drécker
Stroosseschëld.

De Mathias Birthon, gebuer ..., a gestuerwe 1604, war e lëtzebuergesche Politiker an Drécker. Hie war och Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg vu 1598 bis 1599.

Den 8. Mäerz 1603 krut hien als éischten e Privileeg als kinneklechen Haffdrécker, fir an der Stad Lëtzebuerg eng Dréckerei ze bedreiwen.

No sengem Doud, vu 1604 bis 1618[1], gouf seng Wittfra als Drécker zu Lëtzebuerg genannt.

Als Undenken un de Mathias Birthon ass eng Strooss zu Gaasperech no him genannt ginn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Was bedeuten die Straßennahmen der Stadt? 1980. Ons Stad 3: S. 27