Mathias Weyrich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mathias Weyrich
Gebuer 20. Oktober 1889
Uewerwuermeldeng
Gestuerwen 22. Dezember 1975
Réimech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Wënzer

De Mathias Weyrich, gebuer den 20. Oktober 1889 zu Uewerwuermer[1], a gestuerwen den 22. Dezember 1975 zu Réimech[2], war e lëtzebuergesche Wënzer a Lokalpolitiker[3].

Hie war dat zweet vun néng Kanner vun der Koppel Michel Weyrich a Madeleine Marx. Scho säi Papp Michel Weyrich war Schäffe vun der Wuermer Gemeng. Als Wënzerjong ass en an de Betrib vun den Elteren eragewuess an huet en nom Doud vu sengem Papp 1920 weidergefouert. Den 1. Januar 1929 huet e säin éischt Mandat am Gemengerot ugetrueden an ass spéider och Schäffe ginn. An déi Zäit ass och d'Grënnung vun der Wuermer Kellereigenossenschaft gefall, wou e vun Ufank u President vum Opsiichtsrot war. Vun 1939 bis 1961 war e President vum Kommitee, duerno gouf en zum Éierepresident ernannt.

Vum 1. Januar 1934 un huet e fir ee Joer den Interim als Wuermer Buergermeeschter gemaach bis zu den nächste Gemengewalen am Hierscht 1934, well de virege Buergermeeschter Pierre May säi Wunnsëtz an eng aner Gemeng verluecht hat.[4]

Vum 1. Januar 1946 u war en du gewielte Buergermeeschter vun der Wuermer Gemeng bis den 31. Dezember 1963, duerno hat e bis zu sengem Doud den Titel vum Éierebuergermeeschter.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 51 vun der Gemeng Wuermer vum 21. Oktober 1889
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Dezember 1975
  3. Noruff am Luxemburger Wort vum 29. Dezember 1975
  4. Rapport vun der Wuermer Gemengerotssëtzung vum 6. Dezember 1933 am Luxemburger Wort vum 8. Dezember 1933
  5. "Bürgermeister Mathias Weyrich, Wormeldingen, nahm Abschied" am Luxemburger Wort vum 4. Januar 1964