Matilda II (Tanks)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tank, Infantry, Mk II, Matilda II (A12)
MatildaII.jpg

Eng Panzercrew mat eruewertem italienesche
Fändel zu Tobruk (Januar 1941)

Allgemeng Donnéeën
Besatzung 4
Längt 5,61 m
Breet 2,59 m
Héicht 2,52 m
Gewiicht 26 924 kg
Panzerung a Bewaffnung
Panzerung 20-78 mm
Haaptbewaffnung 40 mm Kanoun
Kleng Waffen 7,92 mm MG
Beweeglechkeet
Motor 2 × AEC V6 (Diesel)
Leeschtung 2 × 87 PS (64.8 kW)
Fiederung Sprangfiederen
Héchstvitesse Strooss: 26 km/h
Terrain: 14 km/h

Den A12 Infantry Tank Mark II Matilda II war e briteschen Infanterietanks am Zweete Weltkrich.

Entwéckelung[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1936 gouf ugefaangen en Nofolger fir de Matilda I z'entwéckelen. D'Basis vum Panzer war den A7 Medium Tank. 1939 waren déi éischt Panzere vun dem Typ ausgeliwwert ginn. Am Ganze goufe bis 1943 eng 3000 Stéck hiergestallt. Den Nofolger vum Matilda II war de Valentine.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee/Juni 1940, beim Iwwerfall vun der Wehrmacht op Lëtzebuerg, d'Belsch, Holland a Frankräich waren der nëmmen 23 dovun am Déngscht. Déi meescht koumen allerdéngs am Nordafrika-Krich zum Asaz, wou se am Ufank den italienesche Panzeren iwwerleeë waren.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

  • Baron I, II, III, IIIA fir Minnen ze raumen
  • Matilda Scorpion I / II fir Minnen ze raumen
  • Matilda II CDL / Matilda V CDL (Canal Defence Light) hat e grousse Scheinwerfer montéiert fir och owes den Terrain ze beliichten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Forty, George; Jack Livesy (2006). The World Encyclopedia of Tanks & Armoured Fighting Vehicles. Lorenz Books. p. 55. ISBN 978-0-7548-1741-3.
  • George Forty, Jack Livesey: The complete guide to Tanks & Armored Fighting Vehicils, Southwater, 2012, ISBN-13 978-1-78019-164-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Matilda II (Tanks) – Biller, Videoen oder Audiodateien