Matrass
Ausgesinn

Eng Matrass [mˈɑtʀɑs] ass e Miwwelstéck, dat en Deel vun engem Bett ass, an dat geduecht ass, fir sech kamoud drop ze leeë fir ze raschten oder ze schlofen. Matrasse sinn dofir sou gemaach, datt se sech der Kierperform upassen.
Matrasse kënnen aus verschiddenem Material sinn. Ursprénglech ware Matrasse mat Stréi, Léngent, Lompen, Spree, asw. gefëllt. Hautdesdaags besti Matrasse meeschtens aus Schaumgummi, metalle Fiederen an/oder Latex. Eng Matrass aus engem Waasserbett ass mat gehëtztem Waasser gefëllt.
Donieft gëtt et Loftmatrassen, déi opgeblose musse ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Matrassen – Biller, Videoen oder Audiodateien |