Maurice Béjart

Vu Wikipedia
Maurice Béjart
Gebuertsnumm Maurice-Jean Berger
Gebuer 1. Januar 1927
Marseille
Gestuerwen 22. November 2007
Lausanne
Nationalitéit Frankräich, Schwäiz
Aktivitéit Dänzer, Choreograph, Dréibuchauteur, Ballettdänzer, Zeenograph, Costumedesigner
Member vun Académie des beaux-arts

De Maurice Béjart, gebuer als Maurice-Jean Berger, den 1. Januar 1927 zu Marseille, a gestuerwen den 22. November 2007 zu Lausanne an der Schwäiz, war e franséische Choreograph a Balletsdänzer.

Hien huet 1960 de Ballet du XXe siècle zu Bréissel an d'Liewe geruff. Zanter 1987 war hien den artistesche Leeder vum Béjart Ballet Lausanne.

1968 war en, zesumme mam Komponist Pierre Boulez a mam Theaterregisseur Jean Vilar ee vun den Initiatore vum Bau vun engem neien Operenhaus zu Paräis - wat schlussendlech zum Bau vun der Opéra Bastille gefouert huet. 1974 huet de Béjart den Erasmuspräis kritt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maurice Béjart – Biller, Videoen oder Audiodateien