Mauricio Macri

Vu Wikipedia
Mauricio Macri
Gebuer 8. Februar 1959
Tandil
Nationalitéit Argentinien, Italien
Educatioun Wharton School
Aktivitéit Geschäftspersoun, Politiker, Bauingenieur

De Mauricio Macri, gebuer den 8. Februar 1959 zu Tandil, ass en argentineschen Entreprener a Politiker vun der konservativer Partei Propuesta Republicana (PRO). Den 22. November 2015 gouf hien zum neie President vun Argentinie gewielt; hien huet säin Amt den 10. Dezember 2015 ugetrueden. 2019 gouf den Alberto Ángel Fernández säin Nofollger.

Vun 2007 bis 2015 war hie Buergermeeschter (Jefe de Gobierno) vun der argentinescher Haaptstad Buenos Aires, déi gläichzäiteg och e Bundesstaat ass.

No sengem Studium als Bauingenieur huet de Macri a verschiddene Firme vu sengem Papp Franco Macri geschafft. An de fréien 2000er Jore gouf hie politesch aktiv. 2003 huet hien d'Partei Compromiso para el Cambio gegrënnt a bei de Buergermeeschteschwalen zu Buenos Aires kandidéiert. An engem zweeten Ulaf, 2007, gouf e gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mauricio Macri – Biller, Videoen oder Audiodateien