McDonnell Douglas DC-10

Vu Wikipedia
DC-10-30 vun de Biman Bangladesh Airlines

D'McDonnell Douglas DC-10 ass ee Langstreckefliger vum amerikanesche Fligerhiersteller McDonnell Douglas. Den dräistralege Fliger hat säin éischte Fluch den 29. August 1970. D'DC-10 war nieft der Boeing 747 laang Zäit de schwéiersten an heefegste Fliger vun der Welt.

Geschicht vun der DC-10[änneren | Quelltext änneren]

D'United States Air Force huet Mëtt der 60er Joren no engem neie Groussraumdüsenjet gesicht, fir hir al Propellerfligeren z'ersetzen. Déi gréisst amerikanesch Fligerhiersteller Boeing, Lockheed a Douglas hu sech un der Ausschreiwung bedeelegt, déi Lockheed dunn 1965 gewonnen huet. Boeing an Douglas hunn aus deem Programm awer vill fir de Bau vu spéidere Fligere geléiert. Sou huet Boeing e puer Joer méi spéit mat der Entwécklung vun der 747 ugefaangen. Douglas huet duerch seng finanziell Schwieregkeete mat McDonnell, engem Hiersteller vu Militärfligeren, fusionéiert. Doduerch konnt Douglas mat der Entwécklung vun der DC-10 weiderfueren, an 1968 déi amerikanesch Fluchgesellschaft American Airlines als éischte Keefer vum Fliger iwwerzeegen.

Am Dezember 1988 gouf mat der Produktioun vun der DC-10 opgehalen, well nom erfollegräichen Atlantikfluch vun engem zweestralege Fliger ufanks der 80er d'Nofro fir déi dräistraleg DC-10 zeréckgoung. Vill Fluchgesellschaften hunn hir DC-10 Flott duerch spuersam zwéistraleg Fligeren ersat. Am Juli 2000 hunn Deeler déi vun enger DC-10 gefall waren, zum Ofstuerz vun enger Concorde gefouert. Duerch dat Accident gouf de Betrib vun der Concorde agestallt.

Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Vun der DC-10 gëtt et 5 Haaptversiounen:

  • DC-10-10, d'Haaptversioun, geduecht fir den amerikaneschen Inlandstransport
  • DC-10-15, méi staark Motore wéi DC-10-10 fir och kënnen op Fluchhäfen déi héich leien, kënnen ze landen
  • DC-10-30, déi zweet Laangstreckeversioun, erfollegräichste Modell a virun allem vill vun europäesche Fluchgesellschafte benotzt
  • DC-10-40, éischt Laangstreckeversioun
  • KC-10A, eng Militärversioun fir d'Betankung an der Loft

Teschnech Daten[änneren | Quelltext änneren]

Parameter DC-10-10 DC-10-30 DC-10-40
Längt 55,55 m 55,06 m 55,04 m
Spanwäit 47,43 m 50,39 m 50,39 m
Héicht 17,70 m 17,70 m 17,70 m
Fligelfläch 329,8 m² 338,8 m² 338,8 m²
Maximalstartgewiicht 186.025 kg 251.815 kg 251.815 kg
Eidelt Gewiicht 110.710 kg 122.960 kg 123.640 kg
Notzlaascht 41.290 kg 44.010 kg 43.330 kg
Héchstvitess 960 km/h 960 km/h 960 km/h
Maximal Reechwäit 10.220 km 10.500 km 11.190 km
Reechwäit mat voller Notzlaascht 4.355 km 7.400 km 6.485 km
Passagéierzuel 265 (typesch) bis 380 (maximal) 265 (typesch) bis 380 (maximal) 265 (typesch) bis 380 (maximal)
Motoren (3 Turbofanen) General Electric CF6-6D General Electric CF6-50C2
mat jee 226,8 kN Startleeschtung
JT9D-20
mat jee 249,1 kN Startleeschtung

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: McDonnell Douglas DC-10 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]