Mehmet Ali Talât

Vu Wikipedia
Mehmet Ali Talât
Gebuer 6. Juli 1952
Nationalitéit Tierkesch Republik Nordzypern
Aktivitéit Politiker

De Mehmet Ali Talât, gebuer de 6. Juli 1952 zu Kyrenia (Girne), ass e Politiker vun der nordzyprescher Tierkesch-Republikanescher Partei (Cumhuriyetçi Türk Partisi, CTP).

De Mehmet Ali Talât war vu Januar 2004 bis Abrëll 2005 Ministerpresident vun der Tierkescher Republik Nordzypern, deem vun der Tierkei besaten Deel vun Zypern, déi vun der internationaler Communautéit net unerkannt ass.

Bei de Presidentschaftswale vum 17. Abrëll 2005 huet hie mat 55,6 Prozent vun de Stëme géint den Derviş Eroğlu vun der Nationaler Eenheetspartei (Ulusal Birlik Partisi, UBP) gewonnen. Hie war vun 2005 bis 2010 Staatspresident.

Bei de Wale fir de Staatspresident vum Abrëll 2010 do dergéint huet den Talât am éischten Tour knapps géint den Derviş Eroğlu verluer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Mehmet Ali Talat – Biller, Videoen oder Audiodateien