Metaxa

Vu Wikipedia
De METAXA 5 *

De Metaxa (gr.: Μεταξά) ass e Wäibrand deen aus Griicheland kënnt.

1880 huet de Spyros Metaxas zu Piräus Wéngerten an de beschte Lage kaaft. Hien huet probéiert, verschidde Wäinzorte mateneen ze kombinéieren an no traditioneller griichescher Aart ze brennen. D'Resultat war de Metaxa.

De Metaxa gëtt a verschiddene Qualitéiten ugebueden, déi deels an der Preparatioun vun den Destillater variéieren, mä haaptsächlech duerch Lagerzäit gekennzeechent ginn. D'Zuel vun de Stäre gëtt d'Jore vun der Lagerung un:

  • Dräi Stären
  • Fënnef Stären: Metaxa Classic
  • Siwe Stären: Metaxa Amphora
  • Zwielef Stären
  • 15 Joer Metaxa Grande Fine
  • 30 Joer Metaxa Private Reserve

De Metaxa drénkt ee puer oder mat Äis a wann et da muss sinn och mat wäissem Drauwejus, Waasser, Cola, Ginger Ale oder mat Limonad.

Hiersteller ass d'Firma S.&E.&A. Metaxa A.B.E. vu Kifissia/Athen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Metaxa – Biller, Videoen oder Audiodateien