Meteoroid

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Meteorid)
Foto vun der Mëllechstrooss an der Liichtspur vun engem Meteoroid

Meteoroiden (och Meteoriden, net Meteoritten; kuckt ënnen) si kleng Objete vum Sonnesystem op enger Ëmlafbunn ëm d'Sonn, vun deene verschiddener d'Äerdbunn kräizen. Hir Gréisst geet vu Brochdeeler vun engem Millimeter (Mikrometeoroiden) bis zu en ettlech Meter. Domat si se méi kleng wéi een Asteroid, woubäi et awer weeder vun der Gréisst nach vun hirer Zesummesetzung ofhänkt fir eng eendäiteg Grenz tëscht béiden Objetaarten ze zéien. Zesumme mat den Asteroiden an de Koméiten zielen d'Meteoroiden zu der Himmelskierperklass vun de Klengkierper.

Meteoroide si vun ënnerscheedlecher Hierkonft. Si kënnen duerch d'Gravitatioun vun de Planéiten aus der Haaptasteroidenceinture erausgeschleidert gi sinn, awer och Deeler vu Koméite sinn, déi dës Stécker op hirer Bunn verléieren.

Wa Meteoroiden an d'Atmosphär falen, entsteet duerch d'Reiwung mat der Loft eng Liichterschäinung, déi Meteor genannt gëtt (kleng Meteore ginn och Stäreschnäize genannt, grouss Meteore Feierbäll oder Bolide). De Rescht, den op der Äerduewerfläch leie bleift, nenne mer Meteorit.

Animéiert Illustratioun op déi eenzel Statioune vum Meteorid iwwer e Meteor op e Meteorit

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meteoroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien