Michail Iwanowitsch Bespalow
Dësen Artikel aus dem Theaterberäich an aus dem Drama ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Michail Iwanowitsch Bespalow | |
---|---|
Gebuer |
20. Oktober 1964 Dnipro |
Nationalitéit | UdSSR, Russland |
Educatioun | Russesch Akademie fir Theaterkonscht |
Aktivitéit | Schauspiller |
De Michail Iwanowitsch Bespalow (op Russesch: Михаил Иванович Беспалов), gebuer den 20. Oktober 1964 zu Dnipropetrowsk (haut Dnipro an der Ukrain) als Mychajlo Bespalow (uk: Михайло Беспалов), ass e russeschen Theater- a Filmschauspiller a Produzent.
Hien huet seng Karriär als Theaterschauspiller am Joer 1992 an als Filmschauspiller 2002 ugefaangen[1][2]. Hien ass zanter 1992 Member vum Moskauer Operettentheater. 2007 krut de Schauspiller den Titel Éierekënschtler vu Russland[2].
Hie gouf gréisstendeels mat Rollen an Operetten an a Musicalen, ënner anerem mat enger Haaptroll am Musical Brak po-italjanski (ltz: "Bestietnes am italieenesche Stil") bekannt[3],[4]. Seng notabel Filmrolle waren a Wsjo wkljutscheno (2011), Wsjo wkljutscheno 2 (2013) an a SOS, Ded Moros (2015)[5],[6],[7].
2009 war de Bespalow och de Moderateur vun der russesch-ukrainescher Tëleesshow Swesda pokera[8].
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2011: All inclusive, или Всё включено (Haaptacteur a Produzent)
- 2013: Всё включено 2 (Haaptacteur a Produzent)
- 2013: Сын отца народов (Televisionsserie, all Episoden)
- 2015: SOS, Дед Мороз, или Всё сбудется! (Haaptacteur a Produzent)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Fiche op IMDb (en)
- ↑ 2,0 2,1 https://www.ruskino.ru/art/9312
- ↑ https://tass.ru/kultura/4034050
- ↑ http://mospesh.ru/2017/02/17/brak-po-italyanski-gromkaya-moskovskaya-premera/
- ↑ https://web.archive.org/web/20170202083532/http://www.paradisegroup.ru/rolan_magazine/?issue=201104105&article=899853
- ↑ http://odessamedia.net/news/27416/
- ↑ https://megaobzor.com/recenziya-SOS-ded-moroz-ili-vse-sbudetsya.html
- ↑ http://tv.ua/news/on_tv/3933-zvezdu-pokera-ishchut-v-ukraine.html