Michel Fokine

Vu Wikipedia
Michel Fokine
Gebuer 11. Abrëll 1880 jul.
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 22. August 1942
New York
Nationalitéit Russescht Keeserräich, USA
Aktivitéit Ballettdänzer, Choreograph, Schrëftsteller, Librettist


De Michail Michailowitsch Fokin (russ. Михаил Михайлович Фокин, meeschtens gëtt den Numm no der franséischer Trankriptioun geschriwwen: Michel Fokine, gebuer den 11. Abrëll / 23. Abrëll 1880 zu Sankt Péitersbuerg, a gestuerwen den 22. August 1942 zu New York, war e Choreograph. De Fokine gëllt als de Grënner vum moderne Ballet.

Seng Ausbildung krut de Fokine op der Balletsschoul zu Sankt Péiterbureg. Am Mariinski-Theater huet en 1898 säin Debut gefeiert. E Solo, deen nëmmen zwou Minutten dauert, deen hien 1905 fir d'Anna Pawlowa geschriwwen hat, huet de Fokine "berüümt" gemaach: De Schwan, deen am Gaang ass ze stierwen.

Nodeem den Djagilew hien 1909 op Paräis invitéiert hat, gouf de Fokine do Choreograph vum Djagilew senge Ballets Russes.

Well de Fokine jalous op dat intiimt Verhältnes war tëscht dem Djagilew an dem Balletdänzer Nischinski, huet en 1912 d'Ballets Russes verlooss an ass 1919 an d'USA emigréiert, wou e fir verschidde Balletkompanië geschafft huet.

En huet e Wierk hannerlooss vun iwwer 70 Balletstécker.