Michel Weimerskirch
Ausgesinn
Michel Weimerskirch | |
---|---|
Gebuer |
2. Mäerz 1984 Wien |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Technesch Universitéit Kaiserslautern, Jongelycée vun Esch |
Aktivitéit | Softwareingenieur, Vëlossportler |
Famill | |
Papp | Paul Weimerskirch |
Geschwëster | Pierre Weimerskirch |
De Michel Weimerskirch, gebuer den 2. Mäerz 1984 zu Wien an Éisträich, ass e lëtzebuergesche Softwareingenieur a Webentwéckler a fréiere Vëlossportler.[1]
De Michel huet zu Kaiserslautern "Software Engineering" studéiert. Zanter 2009 schafft e selbstänneg an ass 2013 ee vun de Matgrënner vu Lightbulb s.à r.l.[2]
Hien ass Benevole bei Code Club World, wou hie Kanner zu Lëtzebuerg programméiere bäibréngt.
Säi bekanntste Projet ass de Spellchecker.lu, et ass deen eenzege Verbesserungsprogramm fir Lëtzebuergesch dee modulär ass, e funktionéiert ënner anerem op Firefox a LibreOffice. E gëtt mëttlerweil vun iwwer 1200 Leit pro Dag benotzt.[3]
Kontributiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Android (Iwwersetzung op Lëtzebuergesch)
- Chromium[4]
- CLDR[5] (Iwwersetzung op Lëtzebuergesch)
- CyanogenMod[6] (Iwwersetzung op Lëtzebuergesch)
- Symfony[7]
- TinyMCE[8]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Spellchecker.lu
- Informatiounen iwwer de Michel Weimerskirch
- Informatiounen iwwer seng Kontributiounen
- Informatiounen iwwer seng Aarbecht
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1. op den nationale Vëlosmeeschterschaften op der Strooss zu Ell 1998, an der Kategorie Cadets.
- ↑ http://www.etat.lu/memorial/2013/C/Html/1511/2013060000.html
- ↑ https://spellchecker.lu/informatiounen/
- ↑ https://code.google.com/p/chromium/issues/detail?id=153249
- ↑ https://github.com/mweimerskirch/cldr-luxembourgish
- ↑ https://web.archive.org/web/20160305040513/https://crowdin.com/project/cyanogenmod-aosp/lb/activity an https://web.archive.org/web/20160305041500/https://crowdin.com/project/cyanogenmod/lb/activity
- ↑ http://symfony.com/contributors/code
- ↑ https://www.transifex.com/projects/p/tinymce/