Mierscher Theater
De Mierscher Theater (2014) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Miersch |
Plaz | Miersch |
Adress | 65, Rue Grande-Duchesse Charlotte |
Koordinaten |
49° 44’ 53.23’’ N 6° 06’ 16.45’’ O |
Statut | Kulturzentrum |
De Mierscher Theater (virum Oktober 2024: Mierscher Kulturhaus) ass e multidisziplinäre Kulturzenter zu Miersch. E läit op N° 53 an der rue Grande-Duchesse Charlotte (CR102).
Den 18. Oktober 2003 gouf d'Asbl Maison de la Culture Mersch gegrënnt mam Optrag fir dat regionaalt Mierscher Kulturhaus ze geréieren. De 4. Oktober 2024 gouf bei enger aussergewéinlecher Generalversammlung decidéiert d'Asbl an och d'Haus a "Mierscher Theater" ëmzebenennen.
D'Programmatioun an d'Exploitatioun vum Mierscher Theater mécht eng Equipe vun administrativen an techneschen Mataarbechter ënnert der Leedung vum Direkter Claude Mangen.
D'"Matbewunner" sinn d'Mierscher Geschichtsfrënn, d'Mierscher Musek, an den FC Marisca Miersch deen do seng Vestiairen huet.[1]
Den Orchestre National des Jeunes (ONJ) huet och säi Sëtz am Mierscher Theater.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mierscher Theater – Biller, Videoen oder Audiodateien |