Mille vu Verzenay

Vu Wikipedia
Mille vu Verzenay
Land Frankräich
Gemeng Verzenay
Koordinaten 49° 09’ 46.86’’ N
      04° 08’ 10.25’’ O
Datum vum Bau 1818

D'Mille vu Verzenay ass eng Wandmillen déi westlech vun der Uertschaft Verzenay um Mont Boeuf engem Ausleefer vun der Montagne de Reims op enger Héicht vun 217 m steet.

D'Mille gouf 1818 (anere Quellen no 1821) vun der Koppel Tinot-Vincent opgeriicht. Millen hat zwéi Muelgäng déi an zwee Gebaier waren, fir sou kënnen zwou Zorte Käre gläichzäiteg ze muelen. 1863 huet d'Famill Boudeville d'Mille kaaft a bis 1903 exploitéiert. Duerno huet Millen ni méi gemuel well de leschte Mëller wollt, datt se no sengem Doud net méi sollt schaffen an d'Muelwierk gouf blockéiert.

1904 huet de Champeshändler Goulen d'Mille kaaft. An der Zäit vum Éischte Weltkrich war et eng verbunkert Observatiounsplaz, mat ënnerierdesche Gäng a Bëtongsraim. Perséinlechkeeten déi sech déi Zäit do opgehalen hunn waren den italieenesche Kinnek Victor-Emmanuel III., de President Poincaré a verschidde Genereel wéi de Generol Fayolle, de Generol Micheler an de Generol Gouraud.

Nom Krich koum se 1923 an de Besëtz vun Heidsieck-Monopole an 1944 hat d'amerikanesch Arméi do eng Observatiounsplaz installéiert.

1949 gouf d'Mille restauréiert. Dobäi goufen d'Gespär, d'Schräinerei an déi véier Flilleke frëschgemaach.

Et ass den eenzegen Zeie vun de ville Millen déi am 19. Joerhonnert um Nordhank vun der Montagne de Reims stoungen. Zanter 1972 gehéiert se der Kellerei Mumm, där och de Phare vu Verzenay gehéiert.